Am Kader vum Alternative Schouldag waren all 7e-Schüler*innen invitéiert, un engem Spendelaf fir de gudden Zweck Deel ze huelen. Am Virfeld haten si sech Sponsore gesicht, déi all gelafenen Tour mat enger Zomm beloune sollten, déi hinnen déi Leeschtung wäert war.

Fir d’Organisatioun vun der flotter Aktivitéit waren d’2e Schüler*innen vun der Optioun Solidaritéit zoustänneg. Si hunn hir Saach richteg gutt gemaach! Ënnerstëtzt goufen si vun der Mme Françoise Flesch an zwee Benevole vun der Associatioun Le Soleil dans la main, un déi den Erléis vum Spendelaf goe wert.