Dir wëllt spéider am Medieberäich schaffen?

Den LCD bitt de BTS Mediawriting un. Fir Jonker déi hir Première gepackt hun a wëllen zu Letzebuerg an de Medie schaffen gëtt et de BTS Mediawriting am Lycée classique vun Dikrech. Hei gëtt ee net nemme geleiert fir Radio, Presse an Internet an eise 4 Sproochen ze communiqueieren ma och Interviewtechniken ze beherrschen, kreativ oder informatif ze schreiwen, virun an hannert de Kamera ze schaffen, a sozial Medien professionnel ze notzen.

De BTS bitt eng besonnesch praxisorientéiert 2-Jores-Héichschoulausbildung, déi duerch d‘Zesummenaarbecht mat verschiddene Betriber direkt op d’Beruffswelt virbereet mat ville Stagen, engem top équipéierte Gebai, vill Praxis, a Coure mat motiveierte Proffen direkt vum Terrain aus der lëtzebuerger Mediewelt.

D’Aschreiwungen sin op bis Ufank September an et sin nach Plazen frai.